Tillandsia religiosaaa0witahalcamar 01y chei©.th
Dëse Biologiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Wëssenschaftlech Klassifikatioun | |
---|---|
Räich | Planzeräich |
Ënnerräich | Tracheobionta |
Ofdeelung | Bléieplanzen |
Klass | Monokotyledonen |
Ënnerklass | Liliopsida |
Uerdnung | Poales |
Famill | Bromeliaceae |
Ënnerfamill | Tillandsioideae |
Gattung | Tillandsia |
Wëssenschaftlechen Numm | |
Tillandsia religiosa | |
Hern.-Cárdenas, González-Rocha, Espejo, López-Ferr., Cerros & Ehlers, 2014 |
D'Tillandsia religiosa ass eng Bléieplanzenaart aus der Gattung Tillandsia an der Famill vun de Bromeliaceae[1].
Se gouf 2014 vun enger Grupp vu mexikanesche Biologe beschriwwen. D'Planz ass am mexikanesche Bundesstaat Morelos endemesch[1], an hiert Verbreedungsgebitt läit haaptsächlech an de Gemengen Tlayacapan, Totolapan an Tepoztlán[2], déi an der Géigend vun der Sierra de Tepotzotlán sinn. Se wiisst a Fielsgebidder an a Bëscher[3].
D'Planz ass 0,8–1,5 m héich, mat ville schuppege Blieder. D'Infloreszenz ass opgeriicht, mat kuerze Picken, d'Blumme si vu gréng bis rosa. D'Tillandsia religiosa blitt tëscht Dezember a Mäerz[2].
D'Aart ass relativ rezent an der Wëssenschaft bekannt ginn, si ass awer de Lokale scho längst bekannt. Wéinst hirem schéinen Ausgesi gëtt d'Tillandsia religiosa fir d'Dekoratioun vu Krëppercher a vu Kierchen an der Zäit vum Advent a vu Chrëschtdag benotzt[3][4].
Referenzen[Quelltext änneren]
- ↑ 1,0 1,1 http://archive.li/O1QpR
- ↑ 2,0 2,1 http://biotaxa.org/Phytotaxa/article/viewFile/phytotaxa.184.1.7/10331
- ↑ 3,0 3,1 http://www.esf.edu/top10/2015/09.htm
- ↑ http://www.nkj.ru/news/26404/